Kiara DIAS - Déi éischt Sportlycée-Schülerin vum JC Stroossen !


19 October 2020

Säit dem 20. September 2017 bitt de Judo Club Stroossen Judos-Traininger un. Genau 3 Joer duerno, si mir extrem houfreg matdeelen ze kënnen, dass mir elo och, mam Kiara DIAS, am Sportlycée vertruede sinn! Eng super Leeschtung vum Kiara an eng immens schéin Reklamm a Vitrine fir eise Veräin.

Mat senger Entscheedung schléit d'Kiara dee selweschte Wee an ewéi schonn seng Trainer, den Tom SCHMIT an den Timo WENZEL. Wat hatt vum Sportlycée hält, wéi hatt sech ageliewt huet, wisou hat sech vir de Wee vum Sport-études entscheed huet a wéi säin "Doubele-Projet" ausgesäit, zielt d'Kiara Iech an engem klengen Interview:

1. Kiara, du bass elo schonn 5 Wochen am Sportlycée, wat sinn deng éischt Andréck? Gefält et der
KD: "Jo, mir gefält et ganz gutt. Am Ufank war et e bësse méi komplizéiert sech drun ze gewinnen, dass ee net méi an der Primärschoul ass. Dat war schonn eng Ëmstellung, organisatoresch, nei Kolleegen etc.. Mee no e puer Deeg gewinns du dech awer drun an d'Schoulpersonal am Sportlycée ass ëmmer do fir dir op all Fro ze beäntwerten. Et gëtt een op allefall net am Stach gelooss."

2. Firwat hues du dech vir de Sportlycée entscheet an net vir en anere Lycée?
KD: "Ech war am Ufank gedeelt tëschent dem Sportlycée an engem aneren Lycée. Ech hu mech duerno awer fir den Sportlycee entscheet, well ech de Sportlycée schonn am 5. Schouljoer besicht hat. An do huet den Lycée mir schonns ganz gutt gefall, well ech deemools informéiert gouf dass een sech esouwuel schoulesch, wéi och sportlech weiderentwéckelen kann. Esou dass een déi zwou Saachen, déi engem wichteg sinn, zesummen optimal erfëllen kann. Schlussendlech, huet ech mir och vill gehollef ze wëssen, dass meng Traineren a mäi Veräin mech dobäi ënnerstëtzen géifen."

3. Wat sinn d’Virdeeler vum Sportlycée an/oder wat fënns du besonnesch flott un dëser Méiglechkeet?
KD: "Een vun den Virdeeler vum Sportlycee aus menger Siicht aus, ass, dass een sech gläichzäiteg schoulesch ewéi och sportlech verbesseren an weiderentwéckelen kann. Et gëtt een vill vun der Schoul an all Domänen ënnerstëtzt. Wann mir zB op Competitiounen ginn, dann ënnerstëtzt d'Schoul een. Duerno, wann een zeréck ass, dann gëtt ee vum Léierpersonal ënnerstëtzt vir all d'Kueren nozehuelen déi een eventuell verpasst huet, esou dass en seng schoulesch Leeschtungen erreegt, wei och an all aner Lycée'en."

4. Wéi vill mol an der Woch trainéiert dir am Sportlycée? Wéi eng Zorte vun Traininger maacht dir (Judo, Krafttraining, Ausdauer…)?
KD: "Mir maachen 3 mol an der Woch Sport am Sportlycee. Méindes a Freides hu mir Turnen an Mëttwochs Moies Training mat der Federatioun an der Coque, esou ewéi och Donneschdes. D'Traininger si ganz verschidden, et ass equilibréiert a wochenofhängeg, mir maache esouwuel Kraaft- ewéi och Ausdauer a Judotraining."

5. Hues du niewent deem ganze Sport nach Zäit vir deng Schoul a Fräizäit?
KD: "Natierlech hunn ech nach Fräizäit! Et ass alles eng Saach vun Organisatioun. Ech konzentréieren mech haaptsächlech ob meng schoulesch- a sportlech Leeschtung an dann nach hunn ech Zäit fir mech. Et muss een einfach Prioritéiten setzen."

6. Wat sinn deng Ziler am Sport, awer och vir deng berufflech Zukunft?
KD: "Mäin Zil am Sport ass et esou wäit wéi méiglech ze kommen. Ech wier houfreg kënnen spéiderhin onst Land ze representéieren a géif mech och immens freeën bei den Spiller vun de klenge Länner matzemaachen. Mäi berufflecht Zil ass et spéiderhin am Educatiounsberäich täteg ze sinn."

Kiara, mir sinn immens houfreg a frou, dass du dech vir de Wee vum Sportlycée an deen vum Héichleeschtungssport entscheet hues! Du hues eis vollsten Ënnerstëtzung!

Hudd och Dir Loscht méi iwwer de Sportlycée gewuer ze ginn? Dann zéckt net eis per Email un judoclubstroossen@judo.lu ze kontaktéieren!